D'Confrérie huet en neien LOGO

Louise mat sengem Diplom


Vun lenks no rechts: Här Erny Konsbrück (Professeur éducation artistique)
Leila 2te Preis, Louise 1te Preis, Pit 3te Preis
Här GillesSchaack (Direktioun vum LAM)

Confrérie huet sech e neien Logo gewënscht an dofir am Lycée des Arts et Métiers (LAM) nogefrot ob dat eventuell en Projet an enger Arts Klass kënnt sinn? Mme Véronique Schaber, Direktesch aus der Schoul, huet eis hire Segen ginn an den Här Professor Erny Konsbrück wor direkt averstan fir dëse Projet mat der Klass 13AR1 ze realiséieren. Ufank vum Schouljoer hu mir eis den Schüler virgestallt an hinnen eis Ideeën iwwert dësen neien Logo mat op de Wee ginn. Vun deenen sëllechen Projeten goufen der 3 zréck behalen an den Confrèren zum Vote virgeluecht. Mat 86% vun den Stëmmen ass d‘Wiel op den Projet vum Louise Man gefall.

Mir félicitéieren dem Louise fir seng excellent Aarbecht a wënschen de Schüler aus dem LAM, besonnesch den Artisten aus der 13AR1, vill Spaass an en erfollegräicht Schaffen an hirer professioneller Zukunft.

E grousse Merci geet un Direktioun vum LAM, dem Här Konsbruck an den Schüler vun der 13AR1.