„Geméchels“ Léif Frënn vun der Confrérie Saint–Michel a vum Roger Leiner, Mat dësem Buch vum Roger Leiner wëll d’Confrérie Saint-Michel hire Bäitrag zum Kulturliewen an der Alstad leeschten. Well mir eist Mëttelalterfest „Anno Domini“ aus technesche Grënn net méi kënnen organiséieren, hu mir decidéiert, op „verlegereschem“ Gebitt aktiv ze ginn a Bicher iwwert eis Geschicht an am Speziellen iwwert d’Alstad ze publizéieren. Eise Confrère Roger Bour huet d’Serie ugefong mat sengen „Ombres brûlées“ (1), duerno koumen säi Buergebuch (2) an eng Reprise als Buch vu sengen Aquarellen (3) aus der Alstad. Haut läit déi véiert vun eise Publicatioune vir. Dës Kéier hu mir bewosst op ze vill Seriositéit verzicht an dem Roger Leiner fräi Hand gelooss, d’Thema „di gutt al Zäit“ um Fëschmaart an an der Alstad ze illustréieren. Eise Ritter Mischi ass de Pätter vum Buchtitel. Wann et an eisem „Geméchels“ e bëssi méi defteg zougeet, sou ass dat dës Kéier gewollt. Eenzel Zeechnungen erënneren och u grouss Konschtwierker, net onbedéngt aus dem Mëttelalter, mee dat spillt an dësem Fall keng Roll. Humor a Witz sinn nun emol Bestanddeeler vun eisem Liewen an d’Welt ass souwisou vill ze eescht. Et däerf roueg emol erëm méi gelaacht ginn. Ech wënschen Iech alleguer eng flott „Lecture“ mam Roger Leiner sengem „Geméchels“. Dëst Buch gouf an enger Oplo vun
1000 Exemplairen gedréckt, Wann Dir dëst Buch wëllt bestellen da kuckt w.e.g an eis Säit Boutique de Mechel |